Dat franséischt Parlament huet en Donneschdeg fir eng Verankerung vum Ofdreiwungsrecht an der Verfassung gestëmmt.

337 Deputéiert hunn dofir an 32 dogéint gestëmmt. D’Resolutioun gesäit vir dass an der Verfassung folgende Saz dobäigesat gëtt: "D’Gesetz garantéiert de selwechten Zougank zum Recht op fräiwëlleg Schwangerschafts-Ënnerbriechung." Vill Parteien hunn dat als historeschen a grousse Schrëtt beschriwwen. Fir eng Verfassungsännerung muss och de franséische Senat zoustëmmen. Duerno muss dann e Referendum organiséiert ginn.