
© Eldoradio
Den Donneschden am Nomëtte koum et zu engem Accident tëschent Gouschteng an Éinen.
Wéi d'Police matdeelt, hat ee Chauffer um Donneschde géint 16:40 Auer um CR134 tëschent Gouschteng an Éiner d'Kontroll iwwert säin Auto verluer an ass vun der Strooss ofkomm. De Chauffer gouf beim Accident blesséiert an huet nach missen op der Plaz vum Dokter versuergt ginn. Des Weidere war de Chauffer alkoholiséiert. Dowéinst gouf de Führerschäin agezunn an ee provisorescht Fuerverbuet erstallt.