Um Donneschdegowend gouf der Police zu Iechternach een alkoholiséierte Chauffer gemellt.

Der Police gouf um Donneschdegowend een alkoholiséierte Chauffer zu Iechternach gemellt. Zäitgläich gouf och eng Policekontroll zu Iechternach gemaach, hei ass de Chauffer awer mat héijer Vitess laanscht gefuer an hat dee Moment d'Luuchte vum Auto aus.

Wéi d'Police de Mann stoppe konnt, hat sech eraus gestallt, dass de Mann kee Führerschäin huet, well géint hien een administratiivt Fuerverbuet läit. Des Weideren haten d'Beamten een Alkoholgeroch gemierkt. De Mann wollt awer keen Alkohol- an Drogentest maachen an ass dowéinst fir eng Kontroll an d'Klinick komm. Beim Duerchsiche vum Mann gouf eng Tut mat Kokain fonnt, déi confisquéiert gouf.