Eng Zesummenaarbecht tëschent Lëtzebuerg an Däitschland am Kader vun der Legaliséierung vu Cannabis wier hëllefräich.

Wéi d'Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vun der Deputéierter Nathalie Oberweis äntwert, wier eng Kooperatioun tëschent Däitschland a Lëtzebuerg am Kader vun der Cannabis-Legaliséierung vu Virdeel. Weider heescht et, dass et praktesch wier, wann d'Gesetz op deene selwechte Grondzich an Ziler baséiere géif, mee een dofir awer de Kontext vum Gebrauch vun all Land negligéiert muss.

Des Weidere schreift d'Gesondheetsministesch, dass d'Prioritéit de Moment bei der Entwécklung vun engem Gesetz fir medezinesche Cannabis läit. Eréischt dono géif een sech ëm ee Gesetz fir déi net-medezinesch Verwendung vum Cannabis këmmeren.

Déi däitsch Regierung schafft de Moment och un engem Gesetzesprojet fir Cannabis ze legaliséieren.