Eng Fra hat sech bei der Police gemellt, dat nodeems si eng Morddroung vun hirem Ex-Partner krut.

Den Donneschdegowend géint 18:00 Auer gouf d'Ënnerstëtzung vun der Police ugefuerdert, dat nodeems eng Fra uginn hat vun hirem fréiere Partner mam Doud menacéiert ze ginn. Donieft wier den Ex-Partner ënnerwee bei hir Adress zu Déifferdeng. Eng Policepatrull konnt de Mann an der Géigend vun der Wunneng untreffen. Bei der Kontroll goufen dräi Messere séchergestallt, dorënner ee Fauschtmesser, ee Karambitmesser an ee Kichemesser.

De Parquet hat d'Festnam vum Mann ugeuerdent an um Freidegmoien ass de Mann virun den Untersuchungsriichter komm. De Mann gouf an de Prisong op Schraasseg iwwermëttelt.