
© Eldoradio
Et ass keng weider Persoun am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen.
Vun 1.199 PCR-Tester waren der 228 positiv. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Freideg matgedeelt huet.
Iwwerdeems ass keng weider Persoun am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer bleift domadder bei 1.168.
Am Moment leien 34 Persoune mam Covid-19 am Spidol. Dovunner 3 op der Intensivstatioun.