D'Monica Semedo riskéiert nees Sanktioune wéinst Mobbing.

Lescht Joer hat ee fréiere Mataarbechter am Europaparlament eng Plainte géint Deputéiert Monica Semedo gemaach, dat wéinst Mobbing. Doropshi gouf eng Enquête an d'Weeër geleet, bei där elo d'Resultat virläit. Et ass een zur Konklusioun koum, dass et sech tatsächlech ëm Mobbing gehandelt huet, sou d'Wort. D'Sanktioune kéinten dës Kéier och méi schwéier ausfalen. Eng endgülteg Decisioun gëtt réischt am Dezember oder Januar getraff.