3 Persoune sinn an enger Schéisserei an zwou Schoulen a Brasilie gestuerwen.

A Brasilie koum et an zwou Schoulen zu enger Schéisserei. Dobäi sinn op mannst 3 Persounen ëm d'Liewe komm an 13 weider Persoune goufe blesséiert. Verschiddener vun de blesséierte Persoune befannen sech nach a Liewensgefor. Beim Täter soll et sech ëm ee 16-Järegen handelen, deen nach bis Juni selwer Schüler an enge vun de Schoule war, sou de Gouverneur vum Bundesstaat Espírito Santo.

Den Täter huet fir d'éischt op ee Grupp Léierpersonal a senger fréierer Schoul geschoss an do zwou Persounen déidlech getraff. Dono ass hie weider gefuer an huet ee Meedche virun enger anerer Schoul erschoss.

Weider heescht et vum Gouverneur, dass den Täter, Informatiounen no, a psychescher Behandlung war. Ermëttlungen no hat den Täter een Hakekräiz op senger Tarnkleedung an hat déi zwou Waffe vu sengem Papp am Gebrauch, eng Déngschtwaff an eng privat registréiert Waff. De Papp vum Jong ass Polizist.

De Policepresident huet matgedeelt, dass et ausgesäit wéi wann den Täter den Ugrëff wärend zwee Joer geplangt hätt an et keen definitiivt Zil gouf.