An Amerika ginn Apparater vun der Mark Huawei net méi toleréiert.

D'Apparater vun der Mark Huawei géifen een inakzeptabele Risiko fir déi national Sécherheet sinn, sou d'Administratioun FCC. D'USA geheit Huawei eng enk Bezéiung zu der chineesescher Regierung vir a warnt viru Spionage a Sabotage. Amerika huet den Import an de Verkaf vun de chineeseschen Apparater verbueden. Dëst ass déi éischte Kéier, dass d'Admissioun vu neien Apparater opgrond vun der nationaler Sécherheet net akzeptéiert gëtt.