6 Millioune Stéit hunn nach ëmmer kee Stroum an zu Cherson goufen d'Zivilisten aus der Stad bruecht.

An der Ukrain si weiderhi 6 Millioune Stéit ouni Stroum, sou den ukrainesche President Selenskyj huet a senger aktueller Videonoriicht matgedeelt. Weider seet hien, dass an deene meeschte Regiounen d'Stroumausfäll weider undauere wäerten. An deene leschten zwee Deeg hätt een et awer gepackt, d'Zuel vun de betraffene Stéit ze hallwéieren. Nieft Kyiv ass och nach Odessa staark vun de Stroumausfäll betraff.

An Cherson ginn d'Zivilisten, wéinst den aktuelle schwéiere Liewensbedingungen, nees aus der Stad bruecht. Déi ukrainesch Regierung huet 100 Mënschen an d'Westukrain bruecht. D'Stad a Regioun Cherson gouf vun der russescher Arméi staark beschiedegt a vill Infrastrukture sinn zerstéiert. No 8 Méint russescher Besetzung, hat déi ukrainesch Arméi d'Regioun zeréck eruewert.