De Roy Reding huet ugekënnegt aus dem Gemengerot vun der Stad ze goen.

Den ADR-Politiker, Roy Reding, huet de Samschden op Facebook matgedeelt, dass hien aus dem Stater Gemengerot trëtt. Hien huet seng Demissioun och scho bei der Inneministesch agereecht. Hien hätt leider keng Energie a keng Zäit méi fir al senge Verflichtungen nozekommen, sou heescht et a sengem Post op Facebook. Weider bedankt hien sech bei senge Partei-Kolleege fir d’Ënnerstëtzung an deene leschte Joren.

De Roy Reding gouf den Donneschden zu enger Prisongsstrof vun engem Joer mat integralem Sursis an enger Geldstrof vu 50.000 Euro verurteelt. Dat well den Deputéierten een Appartementshaus um Kierchbierg verkaf hat an dobäi verheemlecht hat, dass eng Kellerwunneng net bewunnbar ass. Déi nei Keeferin gouf net iwwert déi Ëmstänn informéiert.