Eng 25 Joer al Automobilistin ass bei engem schwéieren Accident zu Bäerdref gestuerwen.

Wéi d'Police matdeelt, ass zu Bäerdref um 17:40 Auer um Sonndegowend een Auto am rietse Gruef gelant an huet sech dono et puer Mol iwwerschloen. Déi 25 Joer al Automobiliste gouf dobäi aus dem Auto geschleidert an ass nach op der Plaz un hire schwéiere Blessure gestuerwen. De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police sou wéi de Service Psychologique vum CGDIS waren op der Plaz.