Zu Miersch um Chrëschtmaart koum et um Samschden zu enger Kläpperei mat méi Persounen an zu Stroosse gouf der Police eng alkoholiséiert Persoun gemellt.

Géint 9:40 Auer um Samschdegowend gouf der Police eng Kläpperei vu méi Persoune gemellt. D'Police ass direkt mat e puer Patrullen op d'Plaz komm. Hei si Membere vu verschidde Motorradsgangen uneneegeroden. Zwou Persoune goufen dobäi liicht blesséiert.

An zu Stroossen um Chrëschtmaart gouf der Police géint 9 Auer um Sonndegowend eng staark alkoholiséiert Persoun gemellt, déi déi aner Visiteure gestéiert huet. Doropshi gouf de Mann vun der Police mat an d'Ausniichterungszell geholl.