D'Bevëlkerung streikt géint déi aktuell Null-Covid-Politik.

A China kennt et de Moment zu der gréisster Protestwell zënter Joren. D'Bevëlkerung streikt géint déi aktuell Null-Covid-Politik, déi Lockdowns, Massenstester a gezwonge Quarantäne virgesäit. Als Symbol vum Protest hale vill Demonstranten een eidelt wäisst Blat an d'Luucht.

Vill Persoune goufe scho verhaft, dorënner och ee Journalist vu BBC, deen a China eigentlech akkreditéiert ass. De Journalist ass mëttlerweil awer nees fräi an eegener Ausso no, gouf hie vun der chineesescher Police mësshandelt.

Update: Déi chineesesch Regierung huet kleng Lockerungen ugekënnegt. Der Noriichtenagence AP no, wëll ee keng Gittere méi virun Appartementshaiser maachen an deene Corona-Infektioune bestätegt goufen, fir esou den Zougang ze verhënneren. Weider Lockerunge sinn awer net geplangt.