Den ACL an d’Sécurité Routière hunn e Bilan vun hirer Sécherheetscampagne gemaach.

Uechter d’Land goufen d’Pneuen, d’Luuchten an d’Batterië vun den Automobiliste kontrolléiert. A 16 verschiddene Gemenge war den ACL present. 5.478 Kontrolle goufen dëst Joer gemaach. Allgemeng goufen net vill Probleemer notéiert. Et gouf awer eng kleng Hausse festgestallt, bei Pneuen, déi net korrekt waren. Iwwer 2.000 Batterië goufe getest. 14 Prozent hu missen direkt gewiesselt ginn.