Wärend enger Sécherheetsronn zu Esch sinn e Sonndeg zwee Männer bei engem Drogendeal opgefall.

Déi zwee goufe vun der Police kontrolléiert. Bei engem Client gouf eng Tut Cannabis séchergestallt. Am Verkeefer senger Wunneng goufe bal 80 Gramm Cannabis an 310 Euro fonnt. Op Uerder vum Parquet goufen d’Drogen an d’Suen an den Handy saiséiert.

An der Rue du Pont zu Ierpeldeng war e Sonndeg de Mëtteg en Auto opgefall, deen net richteg ugemellt war. Obwuel hien encouragéiert gouf stoen ze bleiwen, huet den Automobilist versicht a Richtung Bierden ze flüchten. Wéi hie gestoppt goufe geklaute Saache fonnt. An de Chauffer hat kee gültege Permis dobäi. Den Auto war net verséchert an hat keng gülteg Kontrollpabéieren a Steiervignette dobäi. Den Automobilist gouf positiv op Droge getest.