Den 18. November koum et an der Peppenger Strooss zu Beetebuerg géint 7h35 zu engem Ugrëff vun engem Hond op en aneren Hond.

Eng Fra war mat Hënn a Richtung Ausgang vu Beetebuerg ënnerwee. Hei gouf ee vun den Hënn, vun engem aneren Hond, deen och mat enger Fra ënnerwee war, ugegraff a blesséiert. An deem Kader sicht d’Police no Zeien, virun allem no enger Fra, déi mat hire Kanner ënnerwee war an dat ganzt gesinn hat.

All Info ass fir d’Police Réiserbann (Tel: (+352) 244 61 1000) oder Email: police.reiserbann@police.etat.lu).