E Méindeg de Moie gouf der Police e Mann gemellt, dee Menacen ausgeschwat huet.

An dat op enger Bank op der Place de Metz an der Stad. De Mann huet en Employé, dee hannert enger Plexiglas-Scheif stoung, mat engem Cutter-Messer menacéiert. De Mann konnt nach op der Plaz vun der Police gestallt an immobiliséiert ginn. Et gouf och kee blesséiert. Op Uerder vum Parquet gouf et e Protokoll géint de Mann an d’Messer gouf saiséiert.