Zwou presuméiert alkoholiséiert Persoune wollten e Samschdeg de Wantermaart zu Bartreng net verloossen.

D’Police gouf vun engem Gemenge-Responsabel informéiert, Op der Plaz hunn d’Beamte festgestallt, dass ee vun de béide Persounen net kooperativ war. Dës huet d’Beamte beleidegt a provozéiert. De Mann ass doropshin an de Passagearrest komm. Dobäi ass zu der Situatioun komm, déi deelweis a Videoausschnëtter verëffentlecht goufen. De Parquet an d’Generalinspektioun vun der Police goufen informéiert.