De Mobilitéitsminister François Bausch huet Infoen zum mobile Radar op der N7 matgedeelt.

An dat an enger parlamentarescher Äntwert. Dem Minister no hätt de Radar tëscht der Lëpschterdellt an der Closdellt 7.445 geblëtzt. De mobile Radar stoung tëscht dem 17. August a 27. Oktober 2022 op dëser Plaz. Déi héchste gemoosse Vitess war deemno 183 Kilometer an der Stonn. De futtisse fixe Radar z’ersetzen huet ronn 130.000 Euro kascht.