Twitter wëll déi eege Reegele géint Fake News iwwer de Covid-19 net méi asetzen.

Op hirem englesche Site iwwer Transparenz steet dass réckwierkend zënter dem 23. November dës Reegelen ofgeschaaft goufen. Dat gouf awer net ëffentlech duerch en Tweet oder e Communiqué matgedeelt, esou déi däitsch Zeitung "Spiegel". Zënter dem Joer 2020 hat awer Twitter iwwer 11.000 Accounts wéinst der Verbreedung vu Fake News iwwer de Coronavirus gespaart. Et goufe bal 100.000 ierféierend Bäiträg geläscht. Mee den neien Twitter-Chef Elon Musk hat sech schonn iwwer staatlech Moossname géint de Coronavirus beschwéiert.