D’EU huet en internationale Steierbedruch opgedeckt.

Dësen huet en Ëmfang vun 2,2 Milliarden Euro, esou den Europäesche Parquet. Dat wier dee gréissten TVA-Steierbedruch, dee je an der EU ermëttelt gouf. Iwwer 600 Mënsche wieren dru bedeelegt. En Dënschdeg goufen et a 14 Länner, dorënner Lëtzebuerg, Frankräich an Däitschland Perquisitiounen. D’Ermëttler hunn e Reseau vu kriminellen Aktivitéiten a 26 vun de 27 Memberstaaten a weidere Länner opgedeckt. D’Ermëttlunge wiere virun annerhallwem Joer ugefaange ginn.