D'US-Senat huet fir gläichgeschlechtlecht Bestietnis gestëmmt.

D'Majoritéit am US-Senat huet hei fir d'gläichgeschlechtlecht Bestietnis gestëmmt. D'Recht op gläichgeschlechtlecht Bestietnis soll am Bundesgesetz geschützt ginn. Am Ganzen hunn 61 Deputéiert dofir gestëmmt. Et kann elo gutt sinn, dass den Text just nach vum President Joe Biden muss ënnerschriwwe ginn. Nämlech muss den Entworf nach am Representantenhaus gestëmmt ginn. Dat dierft awer kee Problem sinn, well hei hunn Demokraten d'Majoritéit.