Leschte Freide gouf der Police ee Rucksak mat Droge gemellt, deen zu Péiteng an enger Heck fonnt gouf.

Leschte Freide gouf der Police ee Rucksak gemellt, deen zu Péiteng an enger Heck fonnt gouf. An dësem waren Drogen. De Besëtzer vum Rucksak konnt vun der Police gestalt ginn. Am Ganze waren am Rucksak iwwer 500 Gramm Haschisch. Och am Täter sengem Auto konnten 200 Gramm Haschisch, eng grouss Zomm Boergeld an dräi Handye fonnt ginn. Alles gouf vun der Police séchergestallt. De Mann ass de Samschde virun den Untersuchungsriichter komm an dono an de Prisong op Schraasseg iwwermëttelt ginn.