
© Eldoradio
Nodeems den adr-Politiker Roy Reding am Stater Gemengerot ausgetrueden ass, wäert Marceline Goergen noréckelen.
Wéi RTL matdeelt, wäert d'Marceline Goergen am Stater Gemengerot dem Roy Reding seng Plaz iwwerhuelen. Si ass awer net als Vertrieder vum adr am Gemengerot, mee als onofhängeg Politikerin. Si ass nämlech am Abrëll 2021 aus der Partei getrueden. Ob si bei de nächste Gemengewalen untriede wäert an a wat fir enger Partei, ass nach net decidéiert.
De Roy Reding hat leschte Weekend matgedeelt, dass hien ass dem Stater Gemengerot géif trieden. Hien gouf leschten Donneschden zu enger Prisongsstrof vun engem Joer mat integralem Sursis an enger Geldstrof vu 50.000 Euro verurteelt. Dat wéinst Bedruch am Immobiliësecteur.