Déi meeschte Liewensmëttelimporter hei zu Lëtzebuerg kommen aus der EU.

Déi meeschte Liewensmëttelimporter kommen aus EU-Länner, esou heescht et an enger Äntwert vum Landwirtschaftsminister Claude Haagen op enge parlamentaresch Fro vum Deputéierte Jeff Engel. Am Ganze koume 86,90 Prozent vun den Importer aus der europäescher Unioun. Mat 13 Prozent kommen d'Liewensmëttel aus Drëttlänner a just 0,06 Prozent kommen aus der Ukrain an 0,03 Prozent sinn aus Russland. Fir 2023 kann een nach keng Prognose maachen.