An der ukrainescher Ambassade a Spuenien gouf e Mëttwoch e Bréif mat Sprengstoff geliwwert.

E Mataarbechter gouf an der Ambassade zu Madrid liicht blesséiert. De Bréif ass explodéiert wéi hien en an d’Hand geholl huet. De Mataarbechter war selwer an d’Spidol gaangen. Dat huet déi spuenesch Police gesot. Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet mee et goufe keng weider Detailer matgedeelt. D’ukrainesch Regierung sot dass d’Sécherheet ronderëm d’ukrainesch Ambassaden verstäerkt wäert ginn.