Am Kader vun der Sécherheetscampagne "Wanterzäit 2022" huet d’Police eng gréisser Kontroll zu Housen gemaach.

D’Kontroll huet en Dënschdeg um Eesberwee annerhallef Stonn gedauert. 26 Verstéiss goufe festgestallt. 6 Automobiliste goufe gepëtzt wéi se den Handy um Steier benotzt haten. Dat huet jeeweils 145 Euro an 2 Punkte kascht. Bei 3 Gefierer war d’Beliichtung net korrekt, 8 Gefierer hate keen technesche Kontrollcertificat dobäi. Ee Won war net verséchert an a 5 Fäll konnten d’Leit keng Steiervignette virweisen. Bis Enn Dezember gi weiderhi Kontrollen am Kader vun der Sécherheetscampagne gemaach.