E Mëttwoch de Mëtteg war déi offiziell Erëffnung vum Prisong um Uerschterhaff zu Suessem.

Present waren de Grand-Duc Henri, de Vizepremier François Bausch, d’Justizministesch Sam Tanson, d’Suessemer Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz an den Direkter vun der Prisongsverwaltung Serge Legil. Jidderee vun de genannte Persounen huet eng Ried gehalen.

An deem Kontext huet d’Oppositiounspartei déi lénk gesot dass et wichteg wier manner Prisonéier ze hunn aplaz méi Zellen. An engem Communiqué sote si dass ee sozial an ekonomesch Ongläichheete reduzéiere soll fir d’Gewalt a Kriminalitéit z’evitéieren.