10 Prouwe vu lëtzebuergesche Corona-Tester sinn am Kader vun engem Projet un d'WHO gaangen.

Et goufen 10 positiv Corona-Prouwen, déi hei zu Lëtzebuerg geholl goufen, anonym un d'WHO iwwermëttelt, esou d'Paulette Lenert an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Jeff Engel. Déi Prouwe goufe vun der Weltgesondheetsorganisatioun gesammelt fir d'Viren an deene verschiddene Regiounen ze vergläichen. D'Prouwe goufe per Zoufallsprinzip erausgewielt an et gouf just den Datum vun der Prouf matgedeelt.