Am Nomëtte vum 3. November 2021 goufen aus engem Auto zu Munneref verschidde Saache vun zwee Männer geklaut.

Den 3. November 2021 haten zwee onbekannte Männer géint 16:13 Auer e puer Géigestänn aus engem Auto um Parking vum CASINO2000 zu Munneref geklaut. Dorënner ee Laptop vun der Mark Apple, sou wéi Kopfhörer vun der Mark Apple an eng Jackett. Déi zwee Täter kéinten aus dem franséische Grenzgebitt kommen.

All Informatiounen iwwert déi Persounen op de Fotoen si fir d'Police vu Réimech/Munneref iwwert de Nummer (+352) 244 77 1000 oder per Mail police.remichmondorf@police.etat.lu.

RTL

© Police

RTL

© Police

RTL

© Police