Vum 1. Dezember un sinn déi dräi Streckeradaren op der A7 an der Testphas.

D'Streckeradare beim Tunnel Stafelter, Tunnel Grouft an Tunnel Gousselerbierg si vun dem 1. Dezember an der Testphas. Esou ee Radar rechent Duerchschnëttsvitess vun engem Gefier op der gesamter Längt vum Tunnel. Vum berechente Wäert gëtt eng Toleranz vun 3 km/h ofgezunn.

Wärend der Testphase gi keng Protokoller gemaach an d'Foto an Date ginn no der Testphas och geläscht. Den Ufank vun der repressiver Phase ass nach net bekannt.