D’Police war e Mëttwoch kuerz virun 18h00 wéinst enger alkoholiséierter Persoun an der Bouneweger Strooss an der Stad geruff ginn.

D’Persoun hat nämlech op e Gefier geschloen. D’Persoun war ganz aggressiv, an hat och nach de Chauffer vum Gefier ugegraff. Den Ugräifer huet sech och géintiwwer der Police aggressiv beholl an huet Passante beleidegt. De Mann ass duerno an de Passagearrest komm.

Wärend dem Transport huet hie sech gewiert an huet versicht d’Polizisten z’attackéieren a sech selwer ze blesséieren. Hien ass duerno an d’Spidol komm. E Protokoll wéinst Beschiedegung vum Gefier a Kierperverletzung mee och wéinst Rebellioun gouf ausgestallt.