Tëscht 2013 an 2021 goufen 113 Accidenter gezielt, bei deenen den Handy eng Roll gespillt huet.

Dat huet de Mobilitéitsminister François Bausch en Donneschdeg an enger parlamentarescher Äntwert erkläert. Bei deene genannten Accidenter wieren da 4 Leit an deem Zäitraum gestuerwen. An deene meeschte Fäll hat de Chauffer telefonéiert wärend dem Fueren. Et ginn awer och ëmmer nees Fäll bei deenen d’Foussgänger telefonéieren.

De Minister huet awer d'Zuele relativéiert an deems hien ënnerstrach huet dass am Moment den Noweis vum Handy mat vill Opwand vu Säite vun der Police verbonne wier. Eng automatesch Kontroll wéi e spezifesche Radar kéint also dozou bäidroen d’Sécherheet ze verbesseren.