D’Police huet e Mëttwoch den Owend eng gréisser Kontroll am Raum Réimech/Munneref duerchgefouert.

Tëscht 17h30 an 21h00 goufe Lokaler an aner ëffentlech Plazen, ënner anerem Parken an déi Réimecher Busgare kontrolléiert. A 4 Lokaler gouf eng Identitéitskontroll vun de Persoune gemaach. Hei hunn d’Beamten zwou Persoune fonnt, déi landeswäit signaliséiert waren. An zwee Fäll goufe weider Verstéiss festgestallt. Hei gouf et eng Plainte géint d’Proprietäre vun de Lokaler.