En Donneschdeg viru genee zwee Joer war et zu engem tragesche Virfall bei eisem Noper zu Tréier komm.

Den 1. Dezember 2020 huet en Amokfuerer 5 Leit ëmbruecht a eng Partie Leit blesséiert. Haut gouf dann un déi Leit geduecht, déi gestuerwe sinn. D’Klacke vum Tréierer Doum a vun de Kierchen hunn um 13h46, also genau um Zäitpunkt vun der Attack virun zwee Joer, gelaut. Vill Persounen hu sech och bei der Porta Nigra versammelt.