A Frankräich kennt et vun de Freiden un zu engem Streik vun der Eisebunn.

Bis de Méinden dauert de Streik a ganz Frankräich bei der Eisebunn un. Ënner anerem sinn och Laangstreckenzich betraff an domat och verschidden Zuchverbindungen, déi iwwert Grenz ewech ginn. Vum Streik ass och d'Linn 90, déi vu Lëtzebuerg iwwert Thionville, Metz, Nancy op Paräis an zeréck fiert, betraff.

RTL

© Screenshot CFL