Géint hallwer 10 huet en Autosfuerer aus bis ewell ongekläerte Grënn, d'Kontroll iwwert säin Auto verluer.

Um CR179 tëscht Leideleng an Zéisseng ass um Freiden Owend eng Persoun déidlech blesséiert ginn, wéi en Clôturen ze pake krut. Dat huet d'Police um Samschde Moie confirméiert.

Aus ongekläerte Grënn huet de Chauffer d'Kontroll iwwert säin Auto verluer an ass géint en hëlzenen Zonk gerannt. Seng Blessuren waren esou schlëmm, dass en nach op der Plaz verstuerwen ass.

En Enquête fir d'Ursaache vum Accident erauszefannen, gouf an d'Weeër geleet.