D'Police sicht no Zeien, déi een Iwwerfall de Freidegowend géint hallwer 6 zu Beetebuerg am Park gesinn hunn.

De Freidegowend koum et géint hallwer 6 zu engem brutalen Iwwerfall. Hei hat ee Grupp vu 5-7 Jonker ee jonke Mann iwwerfall. Déi Jonk ware maskéiert an haten dem Affer mat engem Messer gedréit. De Mann gouf beim Iwwerfall schwéier blesséiert an Zeien haten de Rettungsdéngscht geruff. Sou konnt de Mann nach op der Plaz vum Noutdokter versuergt ginn, ier dësen an d'Klinick koum.

Zu der Dot ass et an der Géigend vun der Spillplaz am Park Jacquinot zu Beetebuerg komm. Täter sinn all an d'Richtung vun der Gare geflücht, nodeems si dem Affer Kleeder an den Handy geklaut haten.

Persounen, déi Informatiounen zum Iwwerfall oder zu den Täter hunn, sollen sech bei der Police vum Réiserbann per Telefon (+352) 244 61 1000 oder per Mail police.reiserbann@police.etat.lu mellen.