Beim Brand ass ee 6 Joer ale Bouf ëm d'Liewe komm an 10 weider Persoune goufe blesséiert.

Wéi de CGDIS an engem Communiqué matdeelt, koum et an der Nuecht vun e Méinden op en Dënschden géint 3 Auer zu engem Grousbrand zu Keel an engem Appartementshaus. Hei ass ee 6 Joer ale Bouf gestuerwen an 10 weider Persoune goufe blesséiert, dorënner och eng Persoun méi schlëmm.  De Jong gouf vu sech am Haus fonnt an trotz intensiver medezinescher Versuergung ass de Jong kuerz drop an der Klinick gestuerwen.

D'Feier ass um éischte Stack ausgebrach an d'Awunner sinn op den Dach vum Haus geflücht. D'Pompjeeë konnten d'Leit séier vum Dach evakuéieren. Dobäi gouf awer eng Persoun vermësst.

Gläichzäiteg gouf probéiert d'Feier esou séier wéi méiglech ënner Kontroll ze kréien, fir dass et sech net op zwee weider Haiser konnt ausbreeden.

Läschaarbechten hu bis de Virmëtten ugedauert. Ronn 60 Pompjeeën hunn sech um Asaz bedeeleg an och zwou franzéisch Ambulanzen waren am Asaz.

Wéi d'Police matdeelt, ass d'Brandursaach nach net gewosst an eng Enquête vum Miess- an Erkennungsdéngscht gouf ageleet.

RTL

© CGDIS