Zënter Ufanks Oktober bis de 5. Dezember goufen 253 Kanner an der Kannerklinik hospitaliséiert.

Wéinst enger Bronchiolite waren vun Ufanks Oktober un 253 Kanner an der Kannerklinik. Dat äntwert d'Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierten Max Hengel. Weider schreift d'Gesondheetsministesch, dass den CHL eng spezifesch cellule de crise op d'Been gestallt huet vir ee méi präzise Suivi vun der Evolutioun vun de Bronchiolitefäll kënnen ze maachen.