Opgrond vum Groussbrand zu Keel huet d'Gemeng Keel-Téiteng ee Spendenopruff gemaach.

Eng grouss Unzuel vun de Awunner vun der Gemeng Keel-Téiteng haten hire Wonsch ausgedréckt, d'Affer vum Groussbrand vu Keel mat Spenden ze ënnerstëtzen. Fir een organiséierten Oflaf kënnen ze garantéieren, huet d'Gemeng matgedeelt, dass een sech per Mail bei hinne soll mellen. Dobäi soll een seng Kontakt-Donnéeën an och Detailer iwwert d'Aart vum Don uginn. Dat heescht et soll ee matdeelen op et sech ëm Kleeder, Miwwelen oder aner Saachen handelt. Et kann een och eng finanziell Spend op ee bestëmmte Kont vun der Gemeng maachen.

Liest hei de ganze Communiqué:

Dons pour les victimes de l'incendie


Communiqué par Commune Käl-Téiteng

Opgrond vum tragesche Groussbrand vun enger Residenz an der Rue du Commerce zu Kayl, huet eng grouss Unzuel vun AwunnerInnen hire Wonsch ausgedréckt, d’Affer mat Spenden ze ënnerstëtzen.

Fir en organiséierten Oflaf ze garantéieren, biede mir dës Persounen, sech direkt un d’Gemeng ze wenden a per E-Mail (commune@kayl.lu) hir Kontakt-Donnéeë wéi och d’Detailer zu der Aart vum Don (Kleeder, Miwwelen, etc.) ze hannerloossen.

Mir analyséieren uschléissend mat de betraffene Famillje wat d’Besoine sinn a stellen d’Kontaktopnam hier.

Persounen, déi gären eng finanziell Ënnerstëtzung ubidden, kënnen eng Iwwerweisung u Käl-Téiteng Hëlleft asbl maachen (LU16 0090 0000 0652 7717).

Mir soen Iech Merci fir Är Hëllef an Äre Versteesdemech.

Suite au tragique incendie d’une résidence dans la rue du Commerce à Kayl, de nombreux.ses habitant.es ont exprimé leur désir de venir en aide aux victimes.

Afin de garantir un processus bien organisé, nous demandons à ces personnes de nous communiquer leurs coordonnées ainsi que la nature du don (vêtements, meubles, etc.) via l’adresse mail commune@kayl.lu.

Nous analyserons les besoins en collaboration avec les victimes et établirons ensuite le contact.

Les personnes qui désirent faire un don financier peuvent le faire au profit de Käl-Téiteng Hëlleft asbl (LU16 0090 0000 0652 7717).

Merci de votre aide et de votre compréhension