Den Henry Cox äntwert op eng parlamentaresch Fro, dass et tëschent 2012 an 2021 zu 59 Widderhuelungstäter koum.

Tëschent 2012 an 2021 sinn insgesamt 59 Widderhuelungstäter verurteelt ginn, dat äntwert de Minister fir bannenzeg Sécherheet Henri Kox op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Marc Goergen. An deem Kader gouf een Tableau verëffentlecht deen déi verschidde Verurteelunge vu Widderhuelungstäter pro Infraktiounskategorie oplëscht. Dësen Tableau consideréiert awer nëmme Persounen, déi virum Réckfall schonn eng Prisongsstrof vun op mannst engem Joer haten. An de Fait, deen zu enger zweeter Verurteelung gefouert huet, huet  missen an engem Zäitraum vu 5 Joer geschéien.