D’Waardezäit an der Kannerklinik läit 2022 bis Enn November am Duerchschnëtt bei enger Stonn an 31 Minutten.

Dat huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro geäntwert. Bei manner schwéieren Astufunge kann d’Waardezäit méi laang ginn. D’Duerchschnëtts-Waardezäiten tëscht dem Delai vun der Admissioun an dem sougenannten "Triage de gravité" läit bei 13 Minutten. Hei gëtt gekuckt wie prioritär Hëllef braucht. Am Kader vun der Bronchiolite-Epidemie gouf eng zousätzlech "Fasttrack"-Linn installéiert fir d’Waardesäll z’entlaaschten.