Vum 1. Januar 2023 un dierf Kroatien dem Schengen-Raum bäitrieden.

Dat hunn déi zoustänneg Ministeren vun de 26 Schengen-Staaten en Donneschdeg decidéiert. Esou ginn et dann keng Kontrollen méi un der Grenz vu Kroatien. Fir d’Opnam vu Bulgarien a Rumänien an de Schengen-Raum gouf et keng Majoritéit. Déi 3 Länner si schonn deelweis un d'Schengen-Reegele gebonnen mee et ginn eben nach Kontrollen un de Grenzen.