En Donneschdeg gouf an der Chamber eng Aktualitéitsstonn iwwer Desinformatioun organiséiert.

Dës gouf vun der CSV-Deputéiert Diane Adehm ugefrot. Sujet war hei och d’Roll vun der Desinformatioun bei de Walen a wéi een dat zu Lëtzebuerg d’nächst Joer evitéiere kann. D’Deputéiert vun all de Parteien hu sech zu Wuert gemellt. Zum Schluss hunn dann de Premier Xavier Bettel an d’Justizministesch Sam Tanson d’Äntwert vun der Regierung ginn. Dem Xavier Bettel no wier ee beim Liken an Deele vu Falschinformatiounen e Kompliz. Donieft hätt jiddereen zwar Recht op seng eege Meenung, awer net op seng eege Fakten.