A Frankräich ginn d’Kondomer d’nächst Joer gratis an den Apdikten.

Awer just fir déi Jonk tëscht 18 a 25 Joer. Dat huet de franséische President Emmanuel Macron en Donneschdeg annoncéiert. Direkt den 1. Januar 2023 trëtt d’Ännerung a Kraaft an eisem Nopeschland. De franséische President huet dat als kleng Revolutioun am Kader vun der Preventiounsaarbecht bezeechent. Am September gouf schonn de gratis Accès zur urgenter Verhütung zougelooss.