Zu Paräis koum et um Donneschdegowend zu enger grousser Stroumpann.

Der Energiefirma RTE no, war de Grond fir dee grousse Stroumausfall um Donneschdegowend zu Paräis eng Pann an engem Transformator. Hei hate ronn 125.000 Stéit kee Stroum. Eigentlech sollt et um Freidegowend zu engem geplangte Stroumausfall kommen. Nämlech wëll déi franséisch Regierung een zäitlecht a regionaalt Ofschalte vun der Stroumversuergung simuléieren.

De Moment si vill Atomkraaftwierker a Frankräich an der Maintenance. Dofir kann et am Januar zu Problemer mat der Stroumversuergung a Frankräich kommen.