
© TOBIAS SCHWARZ / AFP
D'US-Firma Tesla dierf säi Wierk zu Brandenburg an der Grünheide erweideren.
D'Gemeng vu Grünheide huet dofir gestëmmt, dass Tesla Fabrick säi Wierk zu Brandenburg dierf erweideren. Déi amerikanesch Firma dierf eng Fläch vu méi wéi 100 Hektar Bësch kafen a bebauen. Hei wëll Tesla ee Logistikberäich, een Zenter fir Clienten, eng Spillschoul an Ausbildungsraim ariichten. Des Weideren ass nach eng eege Gare fir Gidder geplangt.