D'Police sicht Zeien, nodeems zu Diddeleng eng Tankstell um Donneschdegowend iwwerfall gouf.

Wéi d'Police matdeelt, hunn zwou Persounen an der Nuecht vun en Donneschden op e Freide géint 23:35 Auer d'Mataarbechter vun enger Tankstell zu Diddeleng mat enger Waff bedréit. Nodeems Täter Boergeld geklaut hunn, sinn se zu Fouss an eng onbekannte Richtung geflücht. D'Police hat direkt eng Sichaktioun an d'Weeër geleet, hei goufen Täter awer net fonnt. D'Waff haten Täter op der Tankstell leie gelooss. Wéi sech eraus gestallt huet, war d'Waff keng richteg Waff. Beim Iwwerfall gouf kee blesséiert.

Een Täter war schwaarz ugedoen an deen aneren hat eng blo Jeansbox an eng blo Jackett un. Béid Täter ware vermummt an hu franséisch geschwat.

Warscheinlech haten Täter een Auto an der Géigend vun der Dot ofgestallt. An dem Kader sicht d'Police vun Diddeleng no Zeien, déi verdächteg Persounen an der Géigend vun der Dot tëschent der Route de Luxembourg an der Rue du Nord tëschent 23:15 Auer an 00:15 Auer gesinn hunn.

All Informatiounen si fir d'Police vun Diddeleng iwwert de Nummer (+352) 244 69 1000 oder per Mail op Police.DUDELANGE@police.etat.lu oder op den 113.